Sechs grouss Acteure vun de Finanzservicer zu Lëtzebuerg associéiere
sech, fir e gemeinsame Reseau vu Geldautomaten ze schafen
Lëtzebuerg, den 21. November 2023 - Spuerkeess, Banque Internationale à Luxembourg,
BGL BNP Paribas, Banque Raiffeisen, POST Luxembourg an ING Luxembourg
associéiere sech, fir e grousse gemeinsame Reseau vu Geldautomaten ze schafen. Déi
sechs Partner schaffen Hand an Hand, fir d'Disponibilitéit an d'Zougänglechkeet vum
Self-Service-Banking um ganze Lëtzebuerger Territoire ze garantéieren.
Spuerkeess, Banque Internationale à Luxembourg, BGL BNP Paribas, Banque Raiffeisen,
POST Luxembourg an ING Luxembourg hunn decidéiert, hire Clientë bis 2025 e grousse
gemeinsame Reseau vu Geldautomaten zur Verfügung ze stellen, deen dat ganzt Land optimal
ofdeckt.
D'Gestioun vum Reseau iwwerhëlt en neien Operateur, deen ënner der Mark Bancomat aktiv
ass.
Dës Zesummeféierung vun de Reseaue wäert Follgendes beinhalten:
- D'Proximitéit an den Zougang zum Self-Service-Banking gëtt mathëllef vun enger
optimaler an equilibréierter Verdeelung vun de Geldautomaten um gesamten Territoire
vum Land séchergestallt, an dat esouwuel an urbanen ewéi och a manner dicht
bewunnte ländleche Géigenden.
- Déi nei Ufuerderunge vun de Privatclienten, Geschäftsleit a Betriber am Beräich vum
Self-Service-Banking gi mat gesécherten Geldautomaten vun der neister Generatioun
erfëllt.
- Leit mat ageschränkter Mobilitéit oder déi schlecht gesinn, kënnen d'Automaten dank
enger Tastatur, déi méi déif ubruecht ass, oder der Audio-Optioun ouni Problem
bedéngen.
- Déi disponibel Servicer a Funktioune vun de Geldautomaten gi weiderentwéckelt.
Dës nei Geldautomaten erlaben et och, den CO 2 -Foussofdrock vum Reseau ze minimiséieren.
Wéi?
- Eng Recyclingfunktioun gëtt integréiert: D'Geldschäiner, déi d'Clienten deposéieren, gi
beim Geldophiewen nees verdeelt, wat de Bedarf u Boergeldtransporter reduzéiert.
- Déi nei Technologie wäert den Energieverbrauch am Verglach zu den aktuellen
Geldautomaten ëm mindestens 30 % reduzéieren.
D'Zesummeféierung vun de Geldautomatsreseaue vun de sechs Partner wäert keng
zousätzlech Käschte fir d'Clientë mat sech bréngen: Si kënnen d'Servicer, déi hir Bank ubitt, um
gesamten Territoire vum Land an Usproch huelen.
Fir Iech iwwer déi neist Entwécklungen, wat dëse Projet ubelaangt, ze informéieren, gitt op www.bancomat.lu.
Kontakt : info@bancomat.lu