Bancomat,
e gemeinsame Reseau vu Geldautomaten zu Lëtzebuerg

D‘Spuerkeess, Banque Internationale à Luxembourg, BGL BNP Paribas, Banque Raiffeisen, POST Luxembourg an ING Luxembourg associéiere sech, fir e grousse gemeinsame Reseau vu Geldautomaten ze schafen, dee vun engem neien Operateur, deen ënner der Mark Bancomat aktiv ass, geréiert gëtt.

E Proximitéitsreseau

De Bancomatsreseau huet als Zil, de gesamten Territoire vum Land bis 2025 optimal ofzedecken.

Zil ass, den Awunner a Visiteure vu Lëtzebuerg en optimalen Zougang zum Self-Service- Banking ze garantéieren. Esouwuel urban ewéi och ländlech Géigende ginn ofgedeckt, wat dem Benotzer méi e séieren Zougang garantéiert. Doriwwer eraus huet jiddwer Client Zougrëff op méi e grousse Geldautomatsreseau ewéi dee vu senger Bank oder sengem Finanzinstitut aktuell.

E Reseau, fir d'Besoine vu muer ze erfëllen

Dës Zesummeféierung vun de Reseaue wäert Follgendes beinhalten:

Dës nei Geldautomaten erlaben et och, den CO 2 -Foussofdrock vum Reseau ze minimiséieren. Eng Recylcingfunktioun gëtt integréiert: D'Geldschäiner, déi deposéiert ginn, gi beim Geldophiewen nees verdeelt, wat de Bedarf u Boergeldtransporter reduzéiert. Déi nei Technologie wäert den Energieverbrauch am Verglach zu den aktuellen Automaten ëm mindestens 30 % reduzéieren.

FAQ

Bis 2025 ginn alleguerten d'Geldautomate vu jiddwer Partner an een eenzege Reseau integréiert, dat Ganzt ënner dem Numm „Bancomat“. De Gestionnaire vun dësem Reseau schafft am Optrag vun de sechs Partner.
D'Clienten hunn also Zougang zu engem Reseau, deen dat ganzt Land ofdeckt a méi grouss ass ewéi dee vun hirer eenzeler Bank aktuell.
Den Ament geréiere Spuerkeess, Banque Internationale à Luxembourg, BGL BNP Paribas, Banque Raiffeisen, POST Luxembourg an ING Luxembourg opgrond vun hirer Geschäftspolitik an hirer Implantatiounsstrategie hiren eegene Reseau vu Geldautomaten. Doduerch si verschidde Géigenden iwwerequipéiert, well all Bank present ass, woubäi aner Géigenden net genuch oder iwwerhaapt net ausstafféiert sinn.
Duerch d'Zesummeféiere vun hire Geldautomate wëllen déi sechs Partner de Privatclienten, de Betriber an de Geschäftsleit den Zougang zum Self-Service-Banking um gesamten Territoire vum Land garantéieren, an dat esouwuel an urbanen ewéi och a manner dicht bewunnte ländleche Géigenden.
Dësen neie gemeinsame Reseau vu Geldautomate wäert déi sechs aktuell Reseaue vun deenen eenzele Partner ersetzen an déi disponibel Serviceoffer a Fonctionalitéite verbesseren. D'Fonctionalitéiten a Servicer, déi ugebuede ginn, bleiwen d'selwecht, mam Virdeel vun engem méi grousse Park vun Automaten, deen iwwer dat ganzt Land verdeelt ass.
Et gëtt grousse Wäert op d'Installatioun vu Geldautomate vun der neister Generatioun geluecht, déi méi modern a méi sécher sinn ewéi déi aktuell Apparater. D'Ergonomie vun dësen neien Automate gëtt och fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit oder schlechter Vue dank enger méi déif placéierter Tastatur an enger Audio-Optioun adaptéiert.
D'Automate wäerten och iwwer eng Recyclingfunktioun verfügen. D'Geldschäiner, déi d'Clienten deposéieren, gi beim Geldophiewen nees verdeelt, wat de Bedarf u Boergeldtransporter reduzéiert.
Duerch d'Zesummeféiere vun hire Reseaue wëllen déi sechs Partner en equilibréierten Zougang zum Self-Service-Banking um gesamte Lëtzebuerger Territoire garantéieren, an dat esouwuel an urbanen ewéi och a manner dicht bewunnte ländleche Géigenden. No der Ëmsetzung bitt de Bancomatsreseau de Clientë méi Point-d'accèsen ewéi de Reseau vun hirer Bank aktuell.
Den neien, vun de sechs Partner beoptraagten Operateur dréit d'Verantwortung, all Standuert ze studéieren, fir eng optimal Opdeelung vum nationalen Territoire an eng gutt Proximitéit fir all Awunner ze garantéieren.
D'Zesummeféierung vun de Geldautomatsreseaue vun de sechs Partner wäert keng zousätzlech Käschte fir d'Clientë mat sech bréngen. Grad ewéi haut behält all Projetspartner seng eegen Tarifpolitik fir de Self-Service-Banking an de Boergeldzougang.

Neiegkeeten

actualite
Sechs grouss Acteure vun de Finanzservicer zu Lëtzebuerg associéiere sech, fir e gemeinsame Reseau vu Geldautomaten ze schafen

Spuerkeess, Banque Internationale à Luxembourg, BGL BNP Paribas, Banque Raiffeisen, POST Luxembourg an ING Luxembourg associéiere sech, fir e grousse gemeinsame Reseau vu Geldautomaten ze schafen.

Méi gewuer ginn